Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk: Regierung mécht eng Politik "ouni Häerz an ouni Gehier"

Bilan no 100 Deeg DP-CSV Regierung

Déi Lénk: Regierung mécht eng Politik "ouni Häerz an ouni Gehier"

"Eng Politik ouni Häerz an ouni Gehier": Dee Bilan zéien déi Lénk no 100 Deeg DP-CSV-Regierung. De Geescht vu Senneng wier irrational an esoteeresch, esou den Deputéierte Marc Baum.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Ana Angel

Notamment mat der Nominatioun vum Jean-Paul Olinger als Chef vun der Steierverwaltung hätt ee gewisen, datt d’Regierung de "Wirtschftaftsbossen ënnerleeë wier" esou déi Deputéiert vun déi Lénk.

"Dës Regierung mécht an alle Beräicher de Bock zum Gäertner. Op et sech ëm de Logement dréint, oder bei de Steieren, bei der Aussepolitik, ob bei der Aarbecht oder am Sozialen. Déi Räich sollen nach méi räich ginn an déi Aarm kënne kucken, datt se eens ginn. Wuelwëssend datt et mat där Politik ëmmer méi Aarmer wäert ginn. An fir datt déi aarm net mucksen, soll repressiv géint si virgaange ginn, an de Sozialstaat a mat him de Rechtsstaat zu Statisten degradéiert, an engem Land dat reng zur kapitalistescher Frickmaschinn fir déi puer Privilegéiert verkomme soll."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft