D’Gesondheetsministesch hat am Hiescht zejoert de Site schwätzmat.lu virgestallt, op deem Bierger:innen hir Proposen zu enger Pensiounsreform kënnen erareechen. Déi Lénk sinn awer net zefridden, wéi déi Froen do gestallt ginn. D'Froe wieren net neutral gestallt a schwéier ze verstoen. Si géifen dem komplexe Pensiounssystem och net gerecht ginn, sou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum haut um Donneschdeg virun der Press.