Radioen

On air

Notturno  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng sinn de grousse Walverléierer

Chamberwalen 2023

déi gréng sinn de grousse Walverléierer

déi gréng si bis elo de Walverléierer: Bei de Lëschtestëmme leie si bis elo däitlech ënner hirem Resultat vun 2018. 66 Prozent vun all de Lëschtestëmme sinn ausgezielt. Dobäi kënnt d'Regierungspartei just nach op d'Hallschent vun hire Stëmme vu viru fënnef Joer.

auto_stories

1 min

Bei den dräi anere grousse Parteien (CSV, LSAP an DP) gëtt et bis elo e positiven Trend. D'CSV als gréisst Partei confirméiert bis elo hiert Resultat vun 2018. Anescht wéi wärend de leschte fënnef Joer virausgesot, géifen déi Chrëschtlech-Sozial den Ament keng Sëtz an der Chamber verléieren, mee souguer vläicht nees dobäi gewannen. D'DP als zweetgréisst Partei ka bis elo zouleeën. D'selwecht wéi d'LSAP. 

Och Stëmmen dobäi gewonnen huet bis elo d'ADR. D'Oppositiounspartei hat 2018 9,73 Prozent vun de Lëschtestëmme kritt. Am Moment läit se bei 11,3 Prozent. 

Déi zwou aner parlamentaresch Oppositiounsparteien (déi Lénk an d'Piraten) leie bei de Lëschtestëmmen am Moment ënner hirem Score vun 2018. 

Déi aner kleng Formatiounen (Fokus, Volt, Liberté, KPL, Konservativ) leie bei manner wéi 2,5 Prozent vun de Stëmmen.