E Samschdeg war LU-Alert Affer vun engem sougenannte Smishing, engem Identitéits-Iwwergrëff. An Tëschenzäit gouf matgedeelt, datt den Alerte-System net kompromettéiert ass an och Mesure geholl goufen.
Déi Gréng Deputéiert an der Chamber hätten awer gär, datt den Inneminister an den Haut-Commissaire à la Protection nationale an d‘Chamberkommissioun kommen, fir Detailer iwwert déi Attack ze ginn an ze erklären, wéi sou eppes an Zukunft kann evitéiert ginn.