Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - March

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Decisive Vott iwwer de Budget a Frankräich

Eventuelle Mësstrauensvott

Decisive Vott iwwer de Budget a Frankräich

A Frankräich ass haut den decisive Vott fir de Budget an der Assemblée nationale. Sollt d'Regierung vum Premierminister Michel Barnier erëm scheiteren, kéint dat hiert Enn bedeiten. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow

Eng speziell Kommissioun aus Assemblée nationale a Senat hat lescht Woch e Kompromëss fir déi éischt Partie vum Budgetsplang ausgeschafft, nodeems dës an der Nationalversammlung keng Majoritéit krut.

Haut um Méindeg gëtt iwwer déi néi Versioun votéiert. Sollt och dës keng Majoritéit fannen, da wäert de Premier Michel Barnier wuel aller Warscheinlechkeet no vum Artikel 49.3 Gebrauch maachen, fir den Text ouni Vott duerch d'Parlament ze boxen. Dat géing awer automatesch och zu engem Mësstrauensvott vun der Lénksallianz féieren. Dee wier awer op d'Stëmme vum RN ugewisen, fir d'Regierung zu Fall ze bréngen.

Déi lescht Woche war de Michel Barnier beméit den RN dovun ze iwwerzeegen sech géint e Mësstrauensvott ze entscheeden. 

Budgetsminister: Keng weider Concessiounen un RN

Den RN sengersäits huet dorop gepocht, datt d'Regierung nach weider Kompromësser beim Budget ageet. En Interview vum Budgetsminister Laurent Saint-Martin gëschter am Le Parisien soll beim RN awer de Gedoldsfuedem un d'Räisse bruecht hunn. De Saint-Martin sot, et géinge keng weider Concessioune méi ginn.

No dësem Interview an de Gespréicher déi lescht Deeg mam Premier, koum d'Marine Le Pen vum RN gëschter Owend zur Conclusioun, datt d'Regierung d'Diskussiounen op en Enn bruecht huet.

Premier bleift oppe fir weider Gespréicher

TF1 géigeniwwer sot d'Le Pen, wann d'Regierung elo op de leschten Drécker keng spektakulär Wandlung géing vollzéien, da géing si sech engem Mësstrauensvott uschléissen an d'Regierung zu Fall bréngen an zwar schonn e Mëttwoch. De Premier selwer huet gëschter Owend awer matgedeelt, datt een oppe fir Gespréicher bleift an dat och ëmmer gewiescht wier.

Lauschterenplay_arrow