De Pierre-Ernest Mansfeld war am 16. Joerhonnert Gouverneur zu Lëtzebuerg an hat “déi längste politesch Karriär, déi et iwwerhaapt gouf”, seet den Historiker Marc Schoellen. Hien huet virun de Stadmaueren a Clausen seng privat Residenz gebaut. Am 20. Joerhonnert wier de Site, op deem hie säi Schlass “La Fontaine” hat, zerwuess an zerfall “an dee Circuit hei ass e bëssen ee Revival”.
Fir de Circuit, dee laang Zäit a Vergiessenheet geroden ass, nees op erliewen ze loossen, wieren awer vill Partner mat bedeelegt gewiescht, esou d’Shaaf Milani-Nia. Si ass Chef-Architektin vum Stater Service Urbanisme.
De ganze Wee ass 4,6 Kilometer laang mat villen Trapen an deels enke Passagen. Dowéinst wier e leider net barrièrefräi, bedauert d’Shaaf Milani-Nia. Topographesch wier et einfach net méiglech. Mee:
“Ee Volet, wisou mir déi Zesummenaarbechte mat ‘Urban Time Travel’ siche gaange sinn ass, fir déi maximal méiglech Zougänglechkeet ze erreechen.”
Mat Hëllef vun der “VdL-AR”-App kënne Wanderer mat Smartphone sech an deem Sënn an enger virtueller Realitéit op d’Spuere vum Pierre-Ernest Mansfeld maachen – an um Enn säi Wësse mat e puer Fun Facts am Quiz erweideren.
Just domat soll een de Wee awer net erliewen. “D’Fantasie soll erhale bleiwen, dat anert soll ëmmer nëmme just e Support si fir d’Imaginatioun,” esou nach de Marc Schoellen.