Radioen

On air

Tockcity  |  Vienna Vienna - John, I'm Only Dancing

play_arrow Live
search

/ De radio 100,7 trauert ëm de Philippe Hansen

Noruff

De radio 100,7 trauert ëm de Philippe Hansen

De radio 100,7 trauert ëm de Philippe Hansen, deen den 2. Juni 2024 ganz onerwaart verscheet ass.   

auto_stories

1 min

De Philippe war zanter 2011 als Museksredakter an Animateur fir de Radio täteg.

Seng agreabel Stëmm ass eisen Nolauschterer an Nolauschterinne bekannt aus den aktuellen Emissiounen “Espresso Beats” an “Thé dansant”, déi um Weekend op Antenn sinn, souwéi reegelméisseg an der Sendung “Kultur um 5”.

Virdrun huet hien aktiv an de Sendunge “Virum Dag”, “Radiopolis”, “Chaise-Lounge”, “Ënnerwee” an “iwwer Land” matgeschafft. Iwwert all déi Joren huet hien d’Museksprogrammatioun vum 100,7 mat gepräägt.

De Philippe war net just e geschate Mataarbechter, mee fir vill vun eis e gudde Frënd. Och als Mënsch hannerléisst hien e grousst Lach.

Mir wäerten seng oppen an onkomplizéiert Aart a Weis, säin Humor a seng Hëllefsbereetschaft vermëssen.

Eist opriichtegt Matgefill an dëser schwéierer Zäit gëllt senger Famill a senge Kanner.

Philippe, du wäers eis feelen.