Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 WhatsApp-Kanal

Sozial Medien

De radio 100,7 WhatsApp-Kanal

Dir wëllt déi wichtegst Norichte kompakt resüméiert an op ee Bléck? Dann abonéiert de radio 100,7 WhatsApp-Kanal.

auto_stories

1 min

Eise Moiesupdate bréngt Iech scho beim Kaffi op den neitste Stand. Fir näischt ze verpassen, wat den Dag iwwer wichteg war, proposéiere mir eisen Owesupdate. An och Aktuelles aus der Lëtzebuerger Kulturzeen kënnt net ze kuerz.

Klickt einfach op de Link fir dem WhatsApp-Kanal bäizetrieden. Denkt drun d’Klack ze aktivéieren, fir keen Update ze verpassen.  

Wat ass ee WhatsApp-Kanal?

Zanter Enn 2023 bitt WhatsApp d’Méiglechkeet, sougenannten Channels, also Kanäl, ze bedreiwen. Zimmlech séier hu sech Medien an Noriichteportaler dëst zu Notze gemaach an hir eege Kanäl opgemaach. Si bidden eng Méiglechkeet, d’Leit direkt an onkomplizéiert ze erreechen. Wichteg ze wëssen ass, datt ausser dem Bedreiwer vum Channel soss keen eppes poste kann. Et ka just op Message reagéiert ginn.