search

/ De franséische Sänger Patrick Bruel ass haut virun dräi Untersuchungsriichter

Frankräich

|
reading time

1 min

De franséische Sänger Patrick Bruel ass haut virun dräi Untersuchungsriichter

Déi dräi Untersuchungsriichter sollen haut decidéieren, ob de Sänger an Untersuchungshaft muss, esou wéi de Parquet dat gefuerdert huet. Dem Patrick Bruel ginn an néng Fäll Vergewaltegung a sexuell Aggressioune virgehäit.

reading time

1 min

© EPA/GONZALO FUENTES
(Foto: EPA/GONZALO FUENTES)

Déi sexuell Iwwergrëffer sollen tëschent 2010 an 2019 geschitt sinn. Zousätzlech dozou, sinn och nach 13 aner Fäll vun harcelement sexuel oder sexuellen Aggressiounen an den Dossier opgeholl ginn. De Patrick Bruel dementéiert alles.