Dat hätte se eis awer och kënne virdru soen, sot mir een CSV-Politiker viru Kuerzem um Telefon, wéi mir hie mat de Previsioune fir d‘Staatsfinanze confrontéiert hunn. D‘CSV huet am Walkampf grouss Steierreduktioune versprach a realiséiert elo natierlech, datt dat an där Form net ze finanzéieren ass.
Tripartite, Subventiounen a Steierreduktiounen
Mee jiddereen hätt misse wëssen, och scho virun de Chamberwalen, datt Lëtzebuerg den Ament net mol einfach esou op gréisser Staatsrecette verzichte kann. Mat de Sozialpartner goufen an e puer Tripartitte massiv Gelder an de Grapp geholl fir d‘Kafkraaft vun de Leit ze stäerken a fir d‘Betriber ze ënnerstëtzen. Elleng fir d‘staatlech Subventioune bei den Energiepräisser si fir d‘nächst Joer Ausgaben an Héicht vu 525 Milliounen Euro virgesinn. Dat Gesetz gouf an der Chamber gestëmmt, déi Zuele si public.
Dat selwecht gëllt fir Steierreduktiounen an Héicht vun 300 Milliounen Euro, déi op den 1. Januar a Kraaft trieden. Lëtzebuerg konnt sech dee Luxus erlaben, wat aner Länner net konnten. An dat war och net fir d‘éischt de Fall: Schonn an der Pandemie konnt de Lëtzebuerger Staat vill Suen ausgi fir een deiere Large Scale Testing oder aner Mesuren.
Euroraum: D'Hausse vun den Zënsen ass och keng Iwwerraschung
Dobäi kënnt awer och, datt d‘Wirtschaftsdonnéeën och scho virun de Wale kloer waren: De Statec, d‘Zentralbank mee och Instituter aus dem Ausland hu scho virun de Chamberwale vum 8. Oktober virausgesot, datt d‘Ekonomie an der Eurozon an och zu Lëtzebuerg sech géif méi schwaach entwéckelen. Datt dat een direkten Impakt op d‘Staatsfinanzen hätt, war evident – grad bei all deenen zousätzlechen Ausgaben, déi als Krisebekämpfung decidéiert goufen.
An da kann och kee behaapten, net matkritt ze hunn, datt d‘Zënsen am Euroraum ganz staark geklomme sinn. Dat wousste mir alleguer, an d‘Zil dovun ass och kee Geheimnis: Héich Zënse si jo grad dofir do fir Dynamik aus dem Marché ze huele fir d‘Inflatioun ofzeschwächen. Och wa vill Proprietären, déi hir Immobilie op Kredit finanzéieren, sech grad driwwer opreegen, an och wann d‘Betriber op eemol net méi investéiere kënnen, well d‘Prêten ze deier sinn: Am Logement zum Beispill huet et gewierkt, well déi enorm Präishaussen aus de leschte Jore sinn elo mol gestoppt.
A sou ass mat der Zënspolitik generell: De Risiko vun enger Ofschwächung vun der Ekonomie, souguer vun enger Rezessioun, ass do ëmmer ginn. Déi, déi also elo mengen, virun de Wale wier net kloer gewiescht, a wéi enger Situatioun mir eis befannen, déi hunn un d‘Summermärche vun de Walkampfstrateege gegleeft, a wéi sou dacks gehofft, Lëtzebuerg wier eng Insel, wou Verschiddenes einfach mol net géif zoutreffen.