D’Institutioun géif nämlech net richteg verstane ginn, soudatt een erkläere misst, wéi de Staatsrot fonctionéiert a wat en ass. Wat en net wier, dat wier eng Donkelkammer, an där et zu Ofmaachungen hannert zouenen Diere kéim. An et hätt een eng fundamental aner Aufgab wéi d’Chamber.
Nämlech déi, Avisen zu Gesetzprojeten ofzeginn, fir se ze verbesseren a se konform zur Verfassung ze maachen. D’Diskussiounen am Conseil d’État wieren net politesch, mee fachlech-juristesch, an d’Avise bal ëmmer unanime.
Vill Texter net ausgegoren
D’Kritik, datt d’Aarbecht vum Staatsrot politesch beaflosst wier, géif op engem Mëssverständnes baséieren. Un der Kritik, datt de Conseil d’État ze lues wier, wier dogéint eppes drun, mee net souvill, wéi ee menge géif, sou de Marc Thewes. Stand elo wier ee saiséiert mat 150 Gesetzprojeten, an d’Zil wier et, déi Zuel ze drécken. Zu de Retarde kéim et, well punktuell Texter erakéimen, déi net ausgegore wieren, betount de President vum Staatsrot.
"Et ass den Ënnerscheed vum Dag a vun der Nuecht, ob een e gutt geschriwwene Gesetztext an enger Kéier liest, versteet, direkt, an eigentlech bei all Artikel sans observation. Dir wësst, dass, wa mer näischt ze soen hunn, wa mer d’accord sinn, wa mer et gutt fannen, gutt geschriwwe fannen, da schreiwe mer just sans observation."
Besser sech u bestoenden Texter ze inspiréieren
Dat géif méi séier goe wéi eng opposition formelle, erkläert de Marc Thewes. Fir hien géif de Staatsrot och ëmmer probéieren wee Wee erauszeweisen. Mee d’Defekter vu verschiddenen Texter wiere sou grouss, datt ee mol net wéisst, a wéi eng Richtung datt et sollt goen. Et wier een ëmmer méi dacks mat Texter vu verschiddenen Inspiratioune konfrontéiert. Déi wieren technesch komplizéiert an zum Deel "immens wischi-waschi-Texter".
"Et muss awer eng Prise de conscience do sinn, datt mir dee Problem begéinen, well domat verléiere mir onwarscheinlech vill Zäit. Heiansdo kréie mer gesot, do oder do si mer eis inspiréiere gaangen, heiansdo musse mir och eis Juristen hei ustellen, fir mol sichen ze goen, wou et dann hierkënnt."
Dofir wier et besser, sech un engem Text z’inspiréieren, fir datt et net zu Retarde kënnt. Fir de Prinzip vum "once only" wier iwwregens am Staatsrot eng Spezialkommissioun geschafe ginn, huet de Marc Thewes nach annoncéiert. Doduerch musse Bierger:innen a Firman de Verwaltungen an Zukunft gewëss Informatioune jo nëmmen nach eemol matdeelen.