Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staat ass bereet, der Caritas ënner gewësse Konditiounen nees Suen ze iwwerweisen

Caritas

De Staat ass bereet, der Caritas ënner gewësse Konditiounen nees Suen ze iwwerweisen

D'Regierung huet decidéiert, datt de Staat der Caritas ënner bestëmmte Konditiounen nees Sue kann iwwerweisen, mee nëmmen un déi Entitéite vun der ONG, déi net vum Detournement vun de Fonge betraff sinn, an déi keng Kreditlinnen opgeholl hunn.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

Dat huet de Staatsministère gëschter um Dënschdegowend an engem Communiqué matgedeelt, dat no enger weidere Sëtzung vum Premier Luc Frieden mat de Ministere Xavier Bettel, Gilles Roth, Claude Meisch, Max Hahn an der Ministerin Martine Deprez. 

Op dëser zweeter ministerieller Reunioun iwwer den Dossier Caritas kruten d'Ministeren an d'Ministerin e Rapport vum Comité du suivi presentéiert. An den nächsten Deeg wiere weider Diskussioune mat der Caritas geplangt. 

D'Regierung an de Comité de Suivi géifen am Laf vum August weider um Dossier Caritas schaffen. Dat fir ze garantéieren, datt d'Caritas hir Aktivitéite fir de Staat vu September u ka weiderféieren, esou de Staatsministère. Jee nodeems wéi d'Aarbechte virukommen, wäert de Premier am August weider Reuniounen aberuffen.