Dës éischt Schätzung gouf déi franséisch Federatioun vun den Assurancë-Gesellschafte bekannt.
D‘Zomm vu ronn enger hallwer Milliard wier op den Dossiere baséiert, déi bis Mëtt August bei den Assurancë-Gesellschaften an Zesummenhang mat de Bëschbränn era koumen.
D'Zomm dierft nach klammen
D‘Assureure rechnen domat, datt de Montant nach klamme wäert.
Déi Betraffe kruten nämlech ausnamsweis bis den 31. August Zäit fir d‘Schied, déi duerch d‘Bränn verursaacht goufen, ze deklaréieren.