Radioen

On air

Moiesstudio  |  Supergrass - Alright

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Parquet mécht eng Uklo géint 4 Polizisten wéinst Folter

Justiz

De Parquet mécht eng Uklo géint 4 Polizisten wéinst Folter

Wéi d‘Wort de Moie schreift, handelt et sech ëm déi 4 Beamten, déi Enn Mee d‘lescht Joer e Mann an enger Zell am Garer Kommissariat mësshandelt sollen hunn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D‘Virwërf ginn op d‘Nuecht vum Marathon an der Stad zeréck. Ee Polizist soll do e Mann, dee se festgeholl haten, zerschloen hunn, dat a Presenz vun zwee weidere Polizisten. E véierte Polizist soll spéider probéiert hunn, d‘Dot ze vertuschen, andeems en e jonke Polizist ënner Drock gesat hat, de Rapport ze fälschen. Deen huet de Fall awer gemellt. Ee Riichter muss elo decidéieren, ob et genuch Elementer gi fir e Prozess, sou nach d‘Wort. D‘Polizisten riskéiere Prisongsstrofen tëscht 5 a 15 Joer. Déi 4 Beschëllegt Polizisten, déi méi wéi zwee Méint an Untersuchungshaft souzen, sinn op fräiem Fouss, mee si si vum Déngscht suspendéiert.