Radioen

On air

Concert  |  Chrëschtconcert

play_arrow Live
search

/ De Mindestloun gëtt op den 1. Januar ugepasst

Wirtschaft

De Mindestloun gëtt op den 1. Januar ugepasst

Op den 1. Januar klëmmt de Mindestloun ëm 2,6 Prozent. Dat Gesetz gouf de Mëtteg an der Chamber eestëmmeg ugeholl.

auto_stories

1 min

Suen | © Bigstock / yodakimik
Foto: yodakimik

Dat Gesetz gouf de Mëtteg an der Chamber eestëmmeg ugeholl. Domadder klëmmt de Mindestloun fir onqualifizéiert Mataarbechter ëm 66 Euro op 2.637 Euro, fir qualifizéiert Mataarbechter ass et ee Plus vu ronn 80 Euro op 3.165 Euro. Eng 70.600 Salariéë profitéiere vun där Erhéijung.

Och de Revis an de Revenu pour personnes gravement handicapées ginn ugepasst.

Iwwert een anert Gesetz gëtt et iwwregens och eng Upassung un d’Lounentwéckelung vun de Pensioune vum éischte Januar un, dat Gesetz ass nach net gestëmmt.