Radioen

On air

Notturno  |  Jay Som - The Bus Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Mark Rutte gëtt haut offiziell NATO-Generalsekretär

Militärbündnis

De Mark Rutte gëtt haut offiziell NATO-Generalsekretär

Wiessel un der Spëtzt vun der Nato: Dee fréieren hollännesche Premier Mark Rutte iwwerhëlt haut um Dënschdeg de Moien um 10 Auer vum Jens Stoltenberg d‘Amt vum Nato-Generalsekretär. D‘Passatioun ass am Sëtz vun der Nato zu Bréissel.

auto_stories

1 min

Marc Rutte | © picture alliance / dpa | FKPH
Foto: picture alliance / dpa | FKPH

Dee 57-Joer ale Mark Rutte war um Ufank vum Summer vun de Regierunge vun den 32 Memberlänner vun der transatlantescher Verdeedegungs-Allianz als neie Generalsekretär nominéiert ginn. Säi Mandat ass fir op d'mannst véier Joer.