Radioen

On air

Notturno  |  Patsy Cline - Crazy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Liam Bremer bleift Resident vum Jugendrot

Daachverband vun de Jugendorganisatiounen

De Liam Bremer bleift Resident vum Jugendrot

Beim Jugendrot, dem Daachverband vun de Jugendorganisatiounen, bleift de Liam Bremer President. Den 23 Joer ale Student gouf op der Generalversammlung leschte Freideg fir e weidert Mandat vun 2 Joer als President vum Jugendrot zeréckgewielt, sou e Communiqué.

auto_stories

1 min

Gewielt goufen och den Exekutivbüro an deem elo 24 Organisatioune Member sinn. De Jugendrot gouf och méi grouss: Fënnef nei Organisatiounen si bäigetrueden.

Wat d‘Prioritéite fir déi nächst zwee Joer ugeet heescht et, de Jugendrot wéilt d‘Relatioune mat den ëffentlechen Instanzen hei am Land konsolidéieren. Et wier wichteg, datt d‘Meenunge vu jonke Leit an d‘Politik integréiert gëtt.

Um internationale Plang wëll de Jugendrot een zousätzleche Programm lancéiere fir d‘Presenz vu Jonke bei den internationalen Instanzen ze fërderen.