D’Vizepresidentin vun LUkraine, d'Inna Yaremenko, huet erkläert, datt duerch déi verschidde Krisen uechter d’Welt de Krich an der Ukrain net méi esou present wier. Mat Hëllef vun Table-ronden, Foto-Ausstellungen an engem Internetsite, wéilt een der Zivilgesellschaft bewosst maachen, datt de Krich an der Ukrain net eriwwer wier.
Dat wier an hiren an och en novollzéibare Prozess. Et wier awer geféierlech, well de Krich en Impakt op ganz Europa hätt.
"Well et geet ëm ons gemeinsam Zukunft. An d’Zil ass et, fir méi Wëssen ze schafen a méi Versteesdemech vun de Leit ze kréien, déi zu Lëtzebuerg liewen, doriwwer wat an der Ukrain geschitt a firwat dat wichteg ass."
En éischt Evenement ass fir den nächste Méinden am Europaparlament geplangt. Do soll et ëm de Kidnapping vun ukrainesche Kanner goen.
Zu de Riednerinne wäert och déi ukrainesch Gewënnerin vum Friddensnobelpräis 2022, d'Oleksandra Matviichuk, gehéieren, huet d’Inna Yaremenko annoncéiert.