Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
search

/ De Konsumenteschutz kritiséiert d'Gesetz iwwer Sammelkloen

"Réckschrëtt"

De Konsumenteschutz kritiséiert d'Gesetz iwwer Sammelkloen

De Konsumenteschutz ULC ass net zefridde mat de Changementer um Gesetz iwwer Sammelkloen. Et gëtt dobäi Kritik un enger ganzer Rei vun Dispositiounen am Text. Virun 10 Méint schonn hat de Staatsrot den Avis zum Projet 7650 verëffentlecht, elo leien och d’Amendementer vun der Regierung vir.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
F

D’ULC weist sech hei kloer enttäuscht: De Kär vum Projet hat bis elo virgesinn, datt en Accord a l’amiable an d’Aschalte vun engem Mediateur géifen ënnerstëtzt ginn, an dat ouni Fraise fir de Konsument. Ma dee Kär wier vun der neier Regierung komplett verfälscht ginn. De Lëtzebuerger Modell, deen och am Ausland vill gelueft gouf, wier domat scho nees doud, sou d’ULC.

D'Gesetz gouf op wichtege Punkten ofgeschwächt

Elo géifen Mediateure vum Justizministère zougelooss ginn an déi missten dann och bezuelt ginn.

Datt e Riichter soll d’Modalitéiten an Delaie festleeë fir en Accord a l’amiable ze fanne wier och aus dem Text verschwonnen, sou nach d’ULC.

Dobäi kënnt, datt dat neit Gesetz elo just nach an enger reduzéierter Zuel vu Fäll iwwerhaapt spillt. Sammelkloe sinn dann zum Beispill bei Sträitfäll a Saache Loyer oder bestëmmte Praktiken am Bauwiesen net méi méiglech.

Eng Sammelplainten kënnen dann och just nach Associatiounen oder Organisatiounen areechen, déi am Viraus eng Autorisatioun kritt hunn.

ULC: D'Gesetz ass e Réckschrëtt

Den eenzege positive Punkt gesäit de Konsumenteschutz doranner, datt de Finanzsecteur ënnert d’Dispositioune vun de Sammelkloe fällt.

Par rapport zum Ausland, wou de Prinzip vun de Sammelkloen no an no ausgebaut gouf, wier dësen Text e Réckschrëtt, deen een net kéint guttheeschen, sou nach d’ULC.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft