Déi fënnef Méint Juli mat de meeschte Sonnestonne waren alleguerten an de leschten zwee Joerzéngten.
D‘Temperature louchen 2,5 Grad iwwer der Moyenne vun de leschten 30 Joer. Déi Moyenne läit bei 18,7 Grad. Dëst Joer gouf eng Moyenne vun 21,2 Grad gemooss.
Ganz dréchene Juli
An och d‘Nidderschléi leie wäit ënner der Moyenne. Um Findel läit d‘Moyenne aus de leschten 30 Joer bei 71,5 Liter op der Quadratmeter. Dëse Juli goufen um Findel nëmme 17,6 Liter gemooss.
Just 1949 war de Juli nach méi dréchen.