Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst aggressivem Feelverhalen: De François Georges ass net méi Direkter vu ProActif

Beschäftegungsinitiativ

Wéinst aggressivem Feelverhalen: De François Georges ass net méi Direkter vu ProActif

D’Ofsetze vum François Georges als Direkter vun der LCGB-Beschäftegungsinitiativ ProActif ass drop zréckzeféieren, datt hien de President Norbert Conter virun Zeien agresséiert huet, Zeien, déi och dotëscht goungen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Dat huet eis de ProActif-President an der Mëttesstonn erkläert. Den Norbert Conter sot awer och, datt hien net wëlles hätt, dowéinst Plainte géint de François Georges ze maachen. Et géif villméi drëms goen, datt ProActif net heirënner leit an, datt d’Leit roueg schaffe kéinten. E Freide gëtt de Verwaltungsrot iwwert d’Grënn vum Ofsetze vum François Georges informéiert.

Aus dem Aarbechtsministère heescht et iwwerdeems op Nofro hin, datt de Georges Mischo iwwert d’Ofsetze vum François Georges informéiert gouf; zu engem direkte Kontakt wier et net komm. All d’Initiativen, déi eng Konventioun mam Aarbechtsministère hunn, géifen iwwregens regelméisseg engem Audit ënnerzu ginn.

Hie wéilt fir d’éischt de Verwaltungsrot iwwert déi genee Grënn dovun informéieren. D’Decisioun, fir de François Georges als ProActif-Direkter ofzesetzen, ass eisen Informatiounen no virun aacht Deeg geholl ginn. An der Suite dovu wier den entspriechende Bréif un den Ex-Direkter erausgaangen. ProActif ass 1998 gegrënnt ginn an huet zum Zil “Persounen, deenen d’Chance net an de Schouss gefall ass, erëm kënnen an en Aarbechtsalldag anzefügen”.


Schonn 2011 gouf et Problemer mat der finanzieller Gestioun

2011 war d’Beschäftegungsinitiativ, déi ënner anerem Gaarden- a Botzaarbechte fir Privatleit ubitt, an d’Schlagzeile geroden, wéi den deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit en Audit iwwert d’finanziell Gestioun vu ProActif an Optrag ginn hat. Ënner anerem war der Initiativ en artificiellt Opblose vu Chargë virgehäit ginn. Deen Audit hat um Enn festgehalen, datt ProActif dem Stat net grad dräi Milliounen Euro schëlleg wier.

Finanziell Onreegelméissegkeeten

Den deemolegen Direkter Romain Schmit hat sengerzäit bedauert, datt bei der Beschäftegungsinitiativ net korrekt mat Steiersuen ëmgesprongen gi war a probéiert gi wier, Saachen ënnert den Teppech ze kieren, wouropshin de Mann suspendéiert gi war. Den heitegen EU-Kommissär Nicolas Schmit hat sech iwwerdeems a senger Funktioun als Aarbechtsminister op de Fändel geschriwwen, datt d’Steiersue richteg géifen investéiert ginn, woubäi dat Wichtegst a sengen Aen d'Ofséchere vun de ronn 650 Leit war, déi du bei ProActif geschafft hunn.

Verwaltungsrot nach net offiziell informéiert

Mir hu gëschter mat e puer Membere vum Verwaltungsrot vun der Beschäftegungsinitiativ geschwat, déi all op de President Norbert Conter verwisen hunn, deen, wéi gesot, de Verwaltungsrot fir d’éischt informéiere wëllt. Vun dräi weidere Persounen aus dem Verwaltungsrot koum awer d’Confirmatioun vun der Ofsetzung vum Direkter. Um Internetsite vu ProActif ass, wat d’Management-Ekipp ugeet, och scho keng Foto vum Ex-Direkter François Georges méi ze gesinn. An den nächsten Deeg dierft et dann Opkläerung iwwert d’Grënn vun deem séngem Aus ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft