Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Meisch kritt a Video kierperlech Agressioun virgeheit, concernéiert Fra dementéiert

No Behaaptungen an engem Video

Claude Meisch kritt a Video kierperlech Agressioun virgeheit, concernéiert Fra dementéiert

Den Educatiounsminister Claude Meisch an eng concernéiert Fra dementéiere formell, datt de Claude Meisch d’Fra an engem Stater Restaurant geschloen hätt. Virdru war de Claude Meisch an engem Video vun enger Influencerin op de soziale Reseaue beschëllegt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Claude Meisch | © Nicolas Calmes play_arrow
Claude Meisch (Foto: Nicolas Calmes)

Déi 19 Joer jonk Fra, déi bei de Gemengewale fir d’DP zu Dippech kandidéiert huet, huet am Video behaapt si wier an engem Restaurant gewiescht. De Claude Meisch hätt do eng aner Fra wärend engem Sträit geschloen. No der Publikatioun vu Presseartikelen iwwer d’Beschëllegungen am Video, hunn de Claude Meisch an déi concernéiert Fra d’Behaaptung iwwer d’kierperlech Agressioun formell dementéiert. D’Fra sot eis, si wier zu kengem Zäitpunkt kierperlech aggresséiert ginn.

De Claude Meisch an d'Fra envisagéiere juristesch Schrëtt

De Claude Meisch sot eis, hien hätt an engem private Kontext eng verbal Ausernanersetzung gehat, wat hie staark géif bedaueren. Et wier eng Taass op de Buedem gefall, mee et wier zu kengem Moment kierperlech Gewalt ginn. Hie géif sech rechtlech Schrëtt virbehalen, esou de Claude Meisch. Och déi concernéiert Fra envisagéiert eegenen Aussoen no eventuell rechtlech Schrëtt. Si géif d’Rumeuren als Diffamatioun a Ruffschiedegung ugesinn. Si géif driwwer nodenke géint Persoune virzegoen, déi sech zum Sproochrouer vun de Rumeure maachen.

Keng Plainte beim Parquet

De Parquet deelt mat, datt et keng Plainte géint de Claude Meisch gëtt. De Parquet hätt och keng Kenntnis vu Videobiller, déi op der Plaz gedréit gi wieren. D’Police wier vun enger drëtter Persoun wéinst engem Sträit op d’Plaz geruff ginn. Wéi déi ukomm ass, wier weder e méiglechen Auteur nach eng méiglech Victime op der Plaz gewiescht.

Lauschterenplay_arrow