Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CSMI recommandéiert Risikipatiente fir sech géint Covid impfen ze loossen

Gesondheet

De CSMI recommandéiert Risikipatiente fir sech géint Covid impfen ze loossen

De Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert Risikopatiente sech am Hierscht op en Neits géint COVID-19 impfen ze loossen.

auto_stories

1 min

Illustratioun Impfung | © picture alliance / dpa-tmn / Zacharie Scheurer
Illustratioun Impfung (Foto: picture alliance / dpa-tmn / Zacharie Scheurer)

Déi nei Recommandatioune vum CSMI riichte sech virun allem u Persounen iwwer 65 Joer, u schwanger Fraen a besonnesch vulnérabel Persounen, déi ee schwéiere Krankheetsverlaf riskéieren. Weider recommandéiert den Experte-Rot och dem Personal an de Fleegeheemer a Klinicken d’Impfung opzefrëschen.

D'Opfrëschung vun der Covid-Impfung gëtt och fir Kanner mat Begleeterkrankungen recommandéiert. Och net-Risiko-Gruppe kënne sech impfe loossen. D’Covid-19-Impfung kann zesumme mat der Grippenimpfung gemeet ginn, schreift de CSMI. D’Opfrëschung soll mat engem Ofstand vu sechs Méint zanter der leschter COVID-19-Impfung, respektiv Infektioun gemaach ginn.

D‘Recommandatioune sinn um site vun der Santé ze fannen.