Den Arthur Klunkers ass beschte Lëtzebuerger, hie kënnt als 53. u mat engem Retard vun 51 Sekonnen an am General ass hien 20. mat enger Minutt Retard. Haut steet Zäitfueren um Programm vun de Coureuren.
Den Depart vun der Course gouf gëschter iwweregens ëm bal eng Stonn no hanne verréckelt, well de Bus vun zwou Vëlosekippe wéinst dem Accident op der Autobunn gëschter am Stau waren an zwou Stonnen Zäit derbäi verluer haten.