Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
search

/ De Barack Obama erkläert seng Ënnerstëtzung fir d'Kamala Harris

US-Walen 2024

De Barack Obama erkläert seng Ënnerstëtzung fir d'Kamala Harris

De fréieren US-amerikanesche President Barack Obama stellt sech hannert seng Parteikolleegin Kamala Harris als Kandidatin vun den Demokrate fir d’Presidentschaftswalen am November.

auto_stories

1 min

Barack Obama | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Dat huet hien haut um Freideg offiziell matgedeelt. D’Kamala Harris géif vun him an och vu senger Fra Michelle Obama voll ënnerstëtzt ginn. Seng Ënnersetzung kënnt wesentlech méi spéit ewéi vun anere prominenten Demokraten. Eppes wat opgefall war.