Dat wat CSV an DP d’lescht Woch virgestallt hunn, wier eng “Pseudo-Offensiv”. D’Mesurë géifen d’Promoteuren an déi grouss Investisseure bevirdeelegen, esou d’Haaptkritik.
An der Regierung hirem neie Pak wieren al Mesuren dran, déi elo solle recycléiert ginn, kritiséiert déi Lénk. An CSV an DP wéissten, datt hir “Steierkaddoen” net zu méi niddrege Logementspräisser wäerte féieren. Fir d’Regierung wier de Logement een “banale Wirtschaftsberäich”, dee Profitter soll generéieren.
D’Verléierer dobäi wieren ënner anerem d’Locatairen. Eng vun de Moossnamen, déi deemno géif feelen, wiere gedeckelt Loyeren, esou de Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich.
Et wier do, wou eng Regierung, ouni Suen auszeginn, een direkten Afloss op d’Präisser kéint hunn.
„An dat ass déi dote Regierung natierlech net bereet ze maachen an dat weist, dass et hinnen net ëm déi Leit geet, déi am Moment keng Wunneng fannen a si sech se net kënne bezuele fir ze lounen.“
Déi Lénk: Logementsdësch „fir d‘Gallerie“
CSV an DP wieren de “politeschen Aarm” vun de Promoteuren an de grousse Proprietären, huet de lénken Deputéierten David Wagner kritiséiert.
De Logementsdësch den 22. Februar zu Senneng, deen d’Regierung ugekënnegt huet, wier dem Oppositiounspolitiker no “éischter fir d’Galerie”, fir den Androck ze vermëttelen, datt d’Regierung op d’Leit géif lauschteren.
„Mee ech mengen déi Mesuren, déi si schonn op Logementsdëscher diskutéiert ginn a warscheinlech decidéiert ginn, warscheinlech virun de Walen an engem Restaurant zu Monnerech, do gouf et ee Logementsdësch beim Här Giorgetti. (…))“
Enn September, also kuerz virun de Chamberwale waren eng Rei Politiker vun ë.a. CSV an DP vum Bauentrepreneur Marc Giorgetti op Monnerech invitéiert ginn. Dat hat deemools RTL gemellt.