arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dausende Leit hunn zu Roum fir eng Verschäerfung vun der Asylpolitik demonstréiert

Italien

|
reading time

1 min

Dausende Leit hunn zu Roum fir eng Verschäerfung vun der Asylpolitik demonstréiert

An der italieenescher Haaptstad Roum hunn dausende Mënsche fir eng Verschäerfung vun der Awanderungspolitik demonstréiert. Si hunn ënner dem Slogan "Remigratioun a Réck-Eruewerung" d‘Expulsioune vu Migranten an hir Heemechtslänner gefuerdert.

reading time

1 min

© EPA/RICCARDO ANTIMIANI
(Foto: EPA/RICCARDO ANTIMIANI)

Un den Demonstratioune solle sech, den Autoritéiten no, och rietsextreem an neofaschistesch Gruppe bedeelegt hunn. Bei engem Géigeprotest sinn och dausende Mënschen op d‘Stroosse gaangen.

Zu Roum huet iwwerdeem d‘Grënnung vun der neier rietser Partei "Futuro Nazionale" (National Zukunft) stattfonnt. Domat kréien d‘Regierungspartei Fratelli d‘Italia an hir Koalitiounspartner wuel Konkurrenz am eegene Lager.