Un den Demonstratioune solle sech, den Autoritéiten no, och rietsextreem an neofaschistesch Gruppe bedeelegt hunn. Bei engem Géigeprotest sinn och dausende Mënschen op d‘Stroosse gaangen.
Zu Roum huet iwwerdeem d‘Grënnung vun der neier rietser Partei "Futuro Nazionale" (National Zukunft) stattfonnt. Domat kréien d‘Regierungspartei Fratelli d‘Italia an hir Koalitiounspartner wuel Konkurrenz am eegene Lager.