Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Litany and Kai Bosch - Hello, Anxiety

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat naasst a kaalt Fréijoerswieder wierkt sech negativ op d'Landwirtschaft aus

Landwirtschaft

Dat naasst a kaalt Fréijoerswieder wierkt sech negativ op d'Landwirtschaft aus

Dat aktuellt naasst Summerwieder wierkt sech och op d’Landwirtschaft aus. Duerch déi naass Felder bilde sech Keimen a Pilzkrankheeten an d’Recolte kréie Retard. Dëst Fréijoer huet et immens vill gereent. Dem Bilan vu Meteolux no waren et dëst Fréijoer am Ganze ronn 268 Liter de Metercarré, eleng am Mäerz waren et ronn 81 Liter de Metercarré. Am Duerchschnëtt waren et 50 Prozent méi Reen wéi an der Referenzperiod vun 1991 bis 2020.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance / imageBROKER/Sylvio Dittrich | imageBROKER/Sylvio Dittrich

Effektiv géif een den Ament haaptsächlech beim Kärebau constatéieren, datt sech duerch d’Fiichtegkeet d’Pilzkrankheete méi séier entwéckelen, erkläert de President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn. Ouni déi aktuell kill Temperature wier dës Situatioun awer nach méi schlëmm. An anere Beräicher brénge genee déi Temperaturen awer och rëm Nodeeler mat sech.

“Beim Mais als Besipill, wat dann eng Fréijoerskultur ass, do ass d’Setzen nach net ganz fäerdeg. Dee wiisst dann awer duerch déi kal Temperaturen net sou gutt.“

Donieft géif et am Süde vum Land duerch „Staunässe“ e Probleem mat der Befuerbarkeet vun de Felder.

Probleemer och am Geméis- an Uebstbau

Duerch déi méi schwéier Befuerbarkeet vun de Felder kréien d’Recoltë Retard, wat Konsequenze fir d’Revenue vun de Baueren huet.

Och am Geméis- an Uebstbau ginn et gréisser Problemer. Duerch de ville Reen an duerch d’Keelt hätt een nach net alles ausplanze kënnen, wat d’lescht Joer ëm dës Zäit awer schonn de Fall war. Bei engem ze naasse Buedem riskéieren d’Wuerzele vun de Planzen ze faulen, wouropshin d’Planzen ofstierwen. D’Situatioun vun den naasse Biedem wier awer net iwwerall d’selwecht.

Méi liicht Biedem géifen och méi séier dréchenen, méi schwéierer bräichte méi laang.

Elo ass et wichteg d'Recolen dréchen ze kréien

Fir de Christian Hahn bedeit dat awer nach net, datt et fir dëst Joer keng Hoffnung méi gëtt.

“Een eeleren Här huet eemol zu mir gesot: Léiwer an engem dréchene Joer net vill Recolte gutt doheem, wéi an engem naasse Joer vill Recolte net doheem. An dat ass u sech eppes wat dat heite Joer zeréckspigelt. Dat heescht et gesäit wierklech dono aus, datt et ganz gutt Recoltë kënne ginn. Mee mir mussen awer et dréche kréie fir déi Recolten awer och heem an d’Scheier an dann och verkaf ze kréien.”

De finanziellen Impakt fir d’Bauere wier den Ament nach schwéier virauszesoen. Nach wier net auszeschléissen, datt de Recht vum Joer méi dréche kéint ginn, sou nach de Christian Hahn. De Ministère wëll heiriwwer e Freideg méi Detailer kommunizéieren.

Lauschterenplay_arrow