Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiesstudio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat laangt Waarden op d'EU

EU-Bäitrëttskandidaten

Dat laangt Waarden op d'EU

D‘EU wëllt wuessen, léisst awer déi, déi wëllen erakommen, zimmlech laang virun der Dier stoen. Wat soen déi, déi grouss Erwaardungen un d'EU hunn dozou? D’Danièle Weber huet bei dräi Mënscherechtsaktivistinnen, déi zu Bréissel op Besuch waren, nogefrot.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Déi schwedesch ONG Kvinna till Kvinna (Vu Fraen zu Fraen) bréngt Feministinne virun allem aus de Balkanlänner zesummen. Op Bréissel sinn der puer vun hinne komm, fir mat den Europadeputéierten de Point ze maachen. Och doriwwer, wéi si den Erweiderungsprozess an hire Länner erliewen.

„Fir de Kosovo ass et nach ëmmer wäit ewech, Member vun der EU ze ginn.“, seet d’Valmira Rashiti vum Womens Network. Hiert Land, de Kosovo, huet sech 2008 als onofhängeg vu Serbien deklaréiert an huet 2016 een Associéierungs-Accord mat der EU. Dat ass déi éischt Etapp am Prozess fir Member ze ginn, gëtt awer bis elo just net vun all EU-Land als Staat unerkannt.

Eng „never ending story“

„Et ass fir eis eng Geschicht ouni Enn, wou de Fortschrëtt gemooss gëtt, ouni datt ee weess, wat genee de Moossstaf ass, an ob mir jeemools virukommen an deem Prozess.“

Et geet an deem Prozess effektiv net ëmmer nëmmen ëm d’Critèren, déi an den EU-Pläng opgestallt goufen.

Déi Experienz huet Nordmazedonien gemaach, wat zanter 2005 een offizielle Kandidat ass. D’Land huet 2018 esou guer säin Numm extra geännert, trotzdeem huet et bis elo knapps ee Fouss dobannen.

„Déi meecht Leit wëllen nach ëmmer an d’EU, awer hir Zuel geet erof.“, seet d’Irena Cvetkovic vu Coalition Margins Nordmazedonien

„Heiansdo gëtt dat wéi een Zil ugesinn, wat ni erreecht gëtt, wat fir fragil Demokratië wéi an Nordmazedonien eng seriö Erausfuerderung ass."

De Faite, datt dee Prozess schleeft, wier Fudder fir d’Géigner vun der EU, déi méi staark ginn.

© Marta Chumalo
(Foto: Marta Chumalo)

EU-Bäitrëtts-Prozedur hëlleft um Terrain

An trotzdeem, d’Frae ronderëm dësen Dësch an de Couloire vum Europaparlament si sech eens: Och schonn dee Prozess ier ee Member vum Club ass, bréngt deenen eppes, déi sech um Terrain fir Mënscherechter asetzen.

„Mir notzen dat op ville Niveaue fir Drock op d’Regierung ze maachen, fir datt si Gesetzer unhëlt, déi d‘Mënscherechter garantéieren.“

D’Valmira Rashiti hëlt d’Beispill vun der Gewalt géint Fraen,

„Hei hunn d’ONGen et fäerdeg bruecht, datt Ziler an déi Rapporten ageschriwwe goufen an et huet sech gewisen, datt d’Regierungen, déi méi seriö huelen, wa se vun der EU kommen.“

Ukrain: Prozesser goufen acceleréiert

Mat an der Ronn setzt och d’Marta Chumalo vum Centre for Women’s Perspectives zu Lviv an der Ukrain. Och si huet ee Beispill aus der Praxis.

„D’Ratifizéiere vun der Istanbul-Konventioun war Deel vum EU-Pak a si gouf duerno direkt ëmgesat. Dat bedeit vill fir eis, mir komme vill méi séier zum Zil.“

D'Marta Chumalo aus der Ukrain. | © Danièle Weber
D'Marta Chumalo aus der Ukrain. (Foto: Danièle Weber)

Wéi laang hunn d’Leit nach awer nach Gedold op deem wäite Wee fir bis an d'EU? Déi Fro schéngt besonnesch och an der Ukrain, wou ee ganz um Ufank vun der Prozedur steet, brisant.

D’Ausso vum Marta Chumalo dozou ass erstaunlech positiv.

„Mir si staark a mir kënne waarden. Ech hoffen dat op alle Fall. All déi Messagen si wichteg fir eis, déi Connectioun mat der EU ze hunn, déi Zukunft ze gesinn, all Dag ze fillen, dat mir net eleng sinn.“

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.