Den Dan Lorang an den Interview ze kréien ass guer et esou evident.
Bis viru Kuerzem huet de gebiertege Lëtzebuerger fir d’Vëlosformatioun Red Bull – Bora hansgrohe geschafft, a war souguer fir e puer Méint responsabel fir de Red Bull Athlete Performance Center.
Dobäi kënnt, datt hie wéinst sengem Beruff quasi non-stop ënnerwee ass. Do koum den Tour de Lëtzebuerg grad geleeën, well et huet dem Dan Lorang erlaabt, nees en Tëschestopp a senger Heemecht ze maachen.
Ufanks huet et u Passioun gefeelt
Mëttlerweil ass de 46 Joer ale Lëtzebuerger Head of Performance vun der Formatioun Lidl-Trek an trëfft do ënner anerem op d’Gebridder Schleck.
De Wee bis dohin huet awer ganz aneschters ugefaang. Den Dan Lorang huet zu Münche Bauingenieur studéiert. Séier huet hien allerdéngs gemierkt, datt hien net déi néideg Passioun fir déi Beruffswelt hätt.
“Ech hat och do en immens gudde Patron, wou ech e Stage gemaach hunn, wou ech einfach gesinn hunn, mat wéi enger Passioun hie säi Beruff gemaach huet. An ech hu mir geduecht: 'Okay, wann ech eppes herno wëll schaffen a vläicht och eppes wëll gutt maachen, da brauch ech déi selwecht Passioun'.”
Méi wéi just Sportsproff
Net wäit fort vun do, wou hie gewunnt huet, war d’Sports-Uni. Firwat also net eppes am Beräich Sport maachen, huet sech den Dan Lorang geduecht. Hie selwer war am Fussball a Vëlo aktiv, mee d’Roll vum Trainer huet him méi zougesot.
“Wat kann ech da mat Sport eigentlech maachen? Well zu Lëtzebuerg war et esou deemools, mat Sport konnts de am Fong Sportsproff ginn a vill méi gouf et net. Dat war fir mech dann dee Moment awer keng Optioun, mee do an Däitschland hunn ech gesinn, et huet een och aner Méiglechkeeten, eeben ënner anerem och Trainer ze ginn.”
Den Dan Lorang huet de Studium also gewiesselt. Wéi den Zoufall et wollt huet zu där Zäit och d’Anna Haug en Trainer gesicht. Déi däitsch Triathleetin an den Dan Lorang hu sech wärend dem Studium kennegeléiert. Dorauser ass eng ganz erfollegräich Zesummenaarbcht ginn.
Si huet ënner anerem de WM-Titel op Hawaii gewanne kënnen.
Am Laf vun der Karriär ëmmer nees bäigeléiert
De Choix op den Triathlon war dann och keen Zoufall, wéi den Dan Lorang am 100,7-Interview erkläert. Hien hätt zur där Zäit vill Kolleege gehat, déi Triathlon gemaach hunn. Wéi déi nom Vëlofueren nach konnte lafe goen, war him ëmmer e Rätsel.
“Ech hu mir ëmmer geduecht, wéi kënnen dann déi dräi Sportaarte maachen, wann ech nom Vëlofuere scho kapott war. An et huet mech immens interesséiert, wéi een dat ka kombinéieren.”
Elo kuckt den Dan Lorang ganz houfreg op seng Ufankszäit als Triathlon-Trainer zeréck. Zesumme mat der Anna Haug hätt hien Héichten an awer och Déiften duerchgemaach. Béid hu si vill Erfarunge gesammelt, déi hinnen an der spéiderer Karriär vill gehollef hätten.
“Hatt huet ëmmer méi Erfarung gesammelt, ech als Trainer. An op deem Wee, wou een natierlech och haut nach dankbar ass, datt hatt deemools gesot huet: ‘Okay, looss eis dat probéieren'. Well et muss ee jo och éierlech sinn: Déi éischt Jore mécht ee jo net alles richteg.”
Lidl-Trek: D'Lëtzebuerger sinn um Rudder
Zënter dem 1. August ass den Dan Lorang elo Head of Performance bei der Vëlosekipp Lidl-Trek. Hien ass do zoustänneg fir d’Beräicher Coaching, Ernärung, Gesondheet, Regeneratioun, Daten a KI. Mee wat bedeit dat genee?
“Et geet am Prinzip dorëms, datt alleguer eis Experten, d'Traineren, d'Dokteren, d'Physiotherapeuten, d'Ernärungsberoderen, d'Psychologen, datt déi hir Aarbecht kënne maachen a mir fir déi e relativ gutt Ëmfeld schaffen. Dat heescht kucken, wat brauchen déi, fir datt si hir Aarbecht kënne gutt maachen. Wéi kënne mir och kucken, datt déi eenzel Departementer matenee schaffen. Wat feelt vläicht nach.”
Dono rapportéiert hien ënner anerem un den Andy Schleck, CEO vu Lidl-Trek. Entscheedungen, déi op Basis vum Dan Lorang sengen Aschätzunge geholl ginn, betreffen ënner anerem d’Participatioun un Trainingslageren, d’Gestaltung vum Training a villes méi.
Wann eng Course wéi den Tour de Luxembourg ufänkt, da wier seng Aarbecht u sech scho gemaach. Vun deem Moment un iwwerhuelen d’Directeur-sportiffen, wéi zum Beispill de Kim Andersen.
Wärend der Course kuckt den Dan Lorang sech awer natierlech reegelméisseg d’Donnéeë vun de Coureuren un.
“An et gesäit een och, datt d'Direkteur-sportiffe sech ëmmer méi och fir d'Daten interesséieren, well si einfach mierken, do ass schonn eppes dran. (...) Also mäi Rôle ass als Trainer, Daten ze liwweren, Analysen ze maachen.”
Optimistesch wat d'Zukunft vum Lëtzebeurger Vëlossport ugeet
Och wann den Dan Lorang an Däitschland lieft a just nach seelen am Grand-Duché ass, esou huet hien awer ëmmer e Bléck op de Lëtzebuerger Cyclissem. Genee wéi d’Fans géing och hien drop waarden, datt den nächsten Andy Schleck oder Bob Jungels eruwiisst. Hien ass och optimistesch.
“Et gëtt vill gemaach dofir. Ech mengen, et ass een op engem gudde Wee, och vläicht elo mat enger Ekipp wéi Lidl-Trek. Déi ass zwar eng däitsch Ekipp, mee sécherlech ass do och vläicht den Zougang fir Lëtzebuerger vläicht méi no wéi et virdru war. Also ech denke mir wäerten hei aus dem Land sécherlech den een oder anere gudde Coureur erëm kréien.”
An à propos Lëtzebuerg: Den Dan Lorang confirméiert, datt den Tour de Luxembourg innerhalb vum Peloton e gudde Standing huet. Net just wéinst der gudder Organisatioun, mee och wéinst de Stroossen, op deenen d’Coureuren immens gäre fueren.