Wéi d’Bild Zeitung schreift, géif d’Notifikatioun iwwer d’Verlängerung vun de Kontrollen, un d’EU-Kommissioun iwwermëttelt ginn. Well systematesch Kontrollen am Schengenraum grondsätzlech net virgesi sinn, muss Däitschland d’EU-Kommissioun iwwer dëse Schratt informéieren.
Bis de 15. September
Den CSU-Inneminister Alexander Dobrindt begrënnt d’Verlängerung domat, datt dës Grenzkontrollen e wichtegt Element an der néier däitscher Migratiounspolitik wieren. Dat bedeit fir Reesender a Frontalieren, datt si bis de 15. September domat rechne mussen, un de Grenziwwergäng vun der däitscher Bundespolizei kontrolléiert ze ginn.
Zënter September 2024 sinn an Däitschland Grenzkontrollen e Place. Den 9ten Dezember d’lescht Joer hat de Bundeskanzler Merz bei enger Visite am Rheinland Pfalz ugekënnegt, datt een d’Grenzkontrollen wéilt ophalen. Wéinst dem neien EU-Asylpak.
Een Datum hat de Bundeskanzler deemools net genannt.
Léon Gloden weider géint d'Kontrollen
Lëtzebuerg wäert an deem Kontext nach eng Kéier bei der EU-Kommissioun intervenéieren a sech beschwéieren. Dat sot den Inneministère op eis Nofro hin.
Lëtzebuerg huet ëmmer nees bei der EU-Kommissioun Drock gemaach wéinst den däitsche Grenzkontrollen.
D’Positioun vun der Lëtzebuergescher Regierung géif onverännert bleiwen: Lëtzebuerg ass géint Grenzkontrollen am Schengen-Raum a plädéiert fir verstäerkte Kontrollen un de Baussegrenze vun der Europäescher Unioun.