Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland evakuéiert weider Staatsbierger aus Israel

Wéinst arméiertem Konflikt

Däitschland evakuéiert weider Staatsbierger aus Israel

D‘Lufthansa evakuéiert haut däitsch Staatsbierger aus Israel. Déi speziell Flich sinn am Optrag vun der däitscher Regierung, d‘Käschte ginn zum Deel vum däitsche Staat iwwerholl, esou den däitschen Ausseministère. Jeeweils véier där Flich pro Dag sollen haut a muer vun Tel Aviv an Däitschland fléien.

auto_stories

1 min

Déi hollännesch Fluggesellschaft KLM huet hirersäits geplangten Evakuatiounsflich wéinst Sécherheetsbedenke bis op Weideres annuléiert.

Gëscht waren och eng gutt Dose Lëtzebuerger Residenten, respektiv Staatsbierger, mam Fliger aus Israel evakuéiert ginn.