Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsche Rundfunktbeitrag klëmmt 2025 em 58 Cent

Däitschland

Däitsche Rundfunktbeitrag klëmmt 2025 em 58 Cent

An Däitschland soll de Rundfunkbeitrag fir d‘ARD, ZDF an Deutschlandradio d‘nächst Joer ëm 58 Cent op 18,94 Euro klammen.

auto_stories

1 min

Dat huet déi däitsch Finanzkommissioun KEF elo berechent. Dës Recommandatioun muss awer nach vun de Bundeslänner ofgeseent ginn.

Eng Erhéijung ass der onofhängeger Finanzkommissioun no onëmgänglech. All véier Joer berechent dës Kommissioun de finanziellen Opwand vun den ëffentlech-rechtleche Medien an Däitschland nei. Den neiste Berechnungen no klëmmt de finanziellen Opwand elo op ronn 10,41 Milliarden Euro pro Joer.

Schonn zejoert gouf eng Erhéijung recommandéiert, mee ass awer net duerchkomm.