Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsche Bundestag befaasst sech haut mat der déidlecher Messerattack vu Solingen

Däitsch Regierung ënner Drock

Däitsche Bundestag befaasst sech haut mat der déidlecher Messerattack vu Solingen

D'Regierung soll ee e Rapport maachen. Erwaart gëtt och déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser.

auto_stories

1 min

Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

Den Donneschdeg hat d'Ampel-Koalitioun een éischte Mesurëpak virgestallt, fir géint islamisteschen Terror an irregulär Migratioun virzegoen. Ënner anerem soll d'Messerverbuet verschäerft ginn a verschidden Asyldemandeure solle Sozialleeschtunge gestrach kréien. Ausserdeem soll et méi einfach ginn, deboutéiert Asyldemandeuren ze expulséieren.

D'Oppositioun huet dann och schonn op déi Decisioun reagéiert: Der CDU an der CSU geet dëse Mesurëpak net wäit genuch. Bei de Gespréicher haut missten den Dublin-Prinzip a méi konsequent Expulsiounen op den Dësch, esou den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann.

Däitschland expulséiert éischt afghanesch Staatsbierger an Afghanistan

Um Flughafen Leipzig/Halle ass de Moien ee Vol mat mat afghaneschen Staatsbierger a Richtung Kabul gestart, fir si zeréck an hiert Heemecht ze bréngen. Dat huet ee Regierungsspriecher an de sächseschen Inneministère confirméiert. Et ass deen éischte Voll mat expulséierten Persounen vun Däitschland aus zanter der Muechtiwwernahm vun den Taliban am Afghanistan am Joer 2021. An dem Fliiger sollen 28 afghanesch Stroftäter setzen, géint déi Uerderen fir eng Expulsioun virleien, esou anch ee Regierungsspriecher.