Kritik u Friedrich Merz senger Ausso 80 Prozent vu Syrer:inne sollten zeréckgoen
Dem däitsche Kanzler Friedrich Merz seng Ausso, datt 80 Prozent vu Syrer a Syrerinnen, déi an Däitschland liewen, an hiert Heemechtsland sollen zeréckgoen, stéisst op Kritik. Déi däitsch Spidolsgesellschaft schléit Alarm a verweist op déi grousser Bedeitung vu syreschen Dokteren an Dokteschen.
Friedrich Merz (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)
Déi däitsch Spidolsgesellschaft huet drop higewisen, datt Syrer dee gréisste Grupp ënner den auslänneschen Dokteren an Däitschland ausmaachen a vu grousser Bedeitung fir de Gesondheetssystem an Däitschland wieren. Den Ament liewe méi wéi 900.000 Syrer a Syrerinnen an Däitschland.
De Friedrich Merz hat d‘Zuel gëschter um Méindeg no engem Treffe mam syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa am Kanzleramt genannt.