Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage & Pol Belardi - Morphée

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch Police a Rietsextremismus: Mindestens 400 Poliziste stinn ënner Verdacht 

Recherche vum Stern an RTL

Däitsch Police a Rietsextremismus: Mindestens 400 Poliziste stinn ënner Verdacht 

An Däitschland ginn op d‘mannst 400 Poliziste wéinst Rietsextremismus a Verbreede vu Verschwörungstheorië verdächtegt. Et gëtt dowéinst géint si enquêtéiert oder et lafen disziplinaresch Prozedure géint si.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg

Dat geet aus Zuelen ervir, déi den däitsche Magasinn Stern an RTL vun den Inneministèrë vun den däitsche Länner kruten.

Véier Länner hätte keng Statistike geliwwert, esou datt et warscheinlech nach méi Fäll gëtt, esou d‘Medien. Den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen Herbert Reul sot, Polizisten a Polizistinnen, déi extremistesch Usiichten hunn, wieren eng grouss Gefor fir d‘Demokratie.