Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Däitsch Ausseministerin a britteschen Ausseminister op Visitt an Israel

Israel-Iran

Däitsch Ausseministerin a britteschen Ausseminister op Visitt an Israel

De britteschen Ausseminister David Cameron an déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock sinn haut an Israel. Zu Jerusalem hu si ënner anerem den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de President Isaac Herzog, fir Gespréicher begéint.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/GPO | Maayan Toaf
Foto: picture alliance/dpa/GPO | Maayan Toaf

Béid Länner hunn Israel opgeruff hunn, sech zréck ze hale, par Rapport zum Iran, fir eng weider Eskalatioun ze verhënneren. Den Iran muss iwwerdeems no senger Attack op Israel, den 1. Abrëll, mat neie Sanktioune vun den USA a vun der EU rechnen. De britteschen Ausseminister wëllt och koordinéiert Sanktioune vun de G7-Länner.

Den Israeelesche Staatspresident huet iwwerdeems déi ganz Welt opgeruff zesumme géint den Iran virzegoen. D‘Welt misst sech der Bedrohung aus Teheran zesummen entgéintstellen.