Radioen

On air

Notturno  |  London Grammar - Strong

play_arrow Live
search

/ Däitschland féiert zousätzlech Grenzkontrollen an

Immigratioun

Däitschland féiert zousätzlech Grenzkontrollen an

Als Mesure géint illegal Immigratioun an Däitschland sot déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser elo, si wier bereet zousätzlech stationär Grenz Kontrollen un de Grenze mat Polen an Tschechien anzeféieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Hannes P Albert
(Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

Viséiert wieren domat Schleiserbanden, déi Leit illegal an Däitschland bréngen. Ob a wéini déi Grenzkontrollen awer tatsächlech kommen ass nach net kloer. Bis elo huet Däitschland dat nämlech nach net bei der EU-Kommissioun gemellt.

Zanter 2015 gëtt et scho stationär Grenzkontrollen a Bayern un der Grenz mat Éisträich.