Et wier firgesinn, fir europäisch Krichsschëffer an d‘Regioun ze schécken, fir d‘Cargoschëffer do virun den Attacke vun de militant-islamistischen Huthi-Rebellen aus dem Jemen zeschützen, déi domat en Enn vum Gazakrich wëllen erzwéngen.
Dës Attacken op Handelsschëffer hunn an Zwëschenzäit gréisser Auswierkungen op d‘Weltwirtschaft. D‘USA a Groußbritannien hunn dowéinst an der Lescht Ziler vun den Huthi am Jemen ugegraff. Bei sou proaktiven Asäz wéilt d‘EU net matmaachen.