Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

De Weekend  |  Mythologesch Dueller - 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EU bedeelegt sech un Asaz am Roude Mier

Wéinst Houthi-Attacken op Handelsschëffer

D'EU bedeelegt sech un Asaz am Roude Mier

D‘EU-Staaten hunn e Militärasatz am Roude Mier decidéiert. Domat soll d‘Handels-Schëfffaart am Roude Mier geséchert ginn. De Siège fir déi Operatioun soll déi griichisch Stad Larisa ginn. Déi formal Decisioun soll bei engem Außeministertreffen den 19. Februar zu Bréissel geholl ginn.

auto_stories

1 min

Et wier firgesinn, fir europäisch Krichsschëffer an d‘Regioun ze schécken, fir d‘Cargoschëffer do virun den Attacke vun de militant-islamistischen Huthi-Rebellen aus dem Jemen zeschützen, déi domat en Enn vum Gazakrich wëllen erzwéngen.

Dës Attacken op Handelsschëffer hunn an Zwëschenzäit gréisser Auswierkungen op d‘Weltwirtschaft. D‘USA a Groußbritannien hunn dowéinst an der Lescht Ziler vun den Huthi am Jemen ugegraff. Bei sou proaktiven Asäz wéilt d‘EU net matmaachen.

live

Live