Am Aarbechtsgrupp Logement wier beispillsweis nieft der Politik haaptsächlech d‘Säit vun de Promoteure vertrueden – a Funktioun vum Kim Felten a Sylvie Hansen – Vertrieder aus dem soziale Wunnengsbau géif een ëmsoss sichen. An och am Grupp, dee sech mat der Bekämpfung vun der Aarmut beschäftegt, vermëssen déi Lénk Acteuren aus der Zivilgesellschaft.
D‘nämmlecht Bild am Aarbechtsgrupp Ëmwelt, dee komplett op de Rot vu Wëssenschaftler géif verzichten. Weider kritiséieren déi Lénk och, datt d‘Fraen an deenen Aarbechtsgruppe vun CSV an DP ënner-representéiert wieren. Si maache just een Drëttel vun de Memberen aus. Alles dat géif op fënnef haart Jore fir Lëtzebuerg hindeiten, sou déi Lénk. Déi grouss Verléierer dobäi wieren de Klima, d’Biodiversitéit, d‘Chancëgläichheet an déi Leit, deenen et manner gutt geet.