Radioen

On air

Sot Emol  |  Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zënsmarge vun de Banke war 2023 méi wéi duebel sou héich, wéi déi 18 Joer virdrun

Chambre des Salariés

D'Zënsmarge vun de Banke war 2023 méi wéi duebel sou héich, wéi déi 18 Joer virdrun

D‘Vitesse mat där d‘Banken d‘Zënsvariatioune vun der Zentralbank un hir Cliente viru ginn ass keng Konstant. Meeschtens gëtt se am Interêt vu de Banke genotzt, zu där Conclusioun kënnt eng Analys vun der Chambre des Salariés.

auto_stories

3 min

Suen Illustratioun | © Bigstock / ilixe48
Foto: Bigstock / ilixe48

Wéi séier reagéieren d‘Banken, wann déi europäesch Zentralbank hir Leetzënsen erop oder erof setzen a wéi eng Auswierkungen huet dat op d‘Cliente vun de Banken? Där Fro sinn d‘Ekonomiste vun der Chambre des Salariés nogaangen, si hunn dofir réckwierkend bis op d‘Joer 2001 gekuckt, wéi sech d‘Zënstauxen op dépots a terme, also zäitlech festgeluechte Spuerkonten an dépots a vue, also Konte vun deenen ee kann direkt Geld ophiewen, verännert hunn. Parallel gouf gekuckt, wéi sech d‘Zënstauxe fir Immobilieprêten an deem Zäitraum verännert hunn.

Esou géif et een Delai tëscht der Reaktioun vun de Banke bei den Zënstauxen op den Erspuernisser ginn. Bei den Zënstauxen op Immobiliëprêten hätt een deen Delai net kënne feststellen, seet de Joe Mootz vun der Chambre des Salariés.

Bei den Erspuernisser gouf et am September 2023 eng maximal Differenz tëscht den Tauxen déi d‘Banke verrechent kruten an deenen déi de Client ausbezuelt krut. D‘Banken hunn hei d‘Margen encaisséiert.

Banke verbesseren duerch d'Spill op d'Zäit hir Marge

Bei den Immobilieprête war et éischter de Contraire. Bis 2012 ass d‘Entwécklung vun den Tauxe bal parallel gelaf, dono hunn d‘Banken déi méi niddreg Zënse mat Retard viru ginn. Wéi d‘Leetzënsen dunn op en Neits geklomme sinn, gouf déi Hausse awer direkt op d‘Immobilieprêten drop geschloen. Duerch dat Spill op Zäit hunn d‘Banken hier Marge verbessert.

"D'Evolutioun vun den Zënsmargë vun de Banken hei zu Lëtzebuerg bestätegt dat dann och: 2023 war d‘Zënsmarge - dat heescht d‘Differenz tëschent den Zënsen déi d‘Banke kréien an deenen déi se bezuelen - mat 10,7 Milliarden Euro méi wéi duebel esou héich wéi den Duerchschnëtt vun der Period 2003 bis 2021."

Dogéint maache kann een als Client net ganz vill. Fir d‘Banke gëllt d‘Spill vun der Konkurrenz an de Client huet also all Interêt sech d‘Bank mat de niddregsten Tauxen eraus ze sichen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Wirtschaft