Ronn 2.700 Salariéen a Fonctionnairë goufen tëschent Mee a September d’lescht Joer gefrot, wéi zefridden si sinn. Esouwuel Lëtzebuerger Residenten ewéi Frontalieren, tëschent 16 a 64 Joer. Schwéierpunkt vun der Etüd war dës Kéier d’Work-Life-Balance.
D'Gefill, ëmmer erreechbar mussen ze sinn
Viru gutt zéng Joer huet d’Chambre des Salariés de "Quality of work"-Index an d’Liewe geruff. Déi negativ Tendenz op zéng Joer gekuckt wat d’Work-Life-Balance ugeet wier beonrouegend fënnt d’Presidentin vun der CSL, Nora Back.
"Natierlech spillt do eng Roll, wéi vill Care-Aarbecht leeschten ech nach doheem, en dehors vu menger normaler Aarbechtszäit, den Télétravail spillt eng Roll, awer och duerch den Télétravail d’Vermëschung tëschent der Aarbecht an dem Privatliewen. Wou hält meng Aarbechtszäit op, wou fänkt meng Fräizäit un, an déi Grenzen déi ëmmer méi schwammeg ginn."
Aus der Etüd geet ënnert anerem ervir, datt bei de Leit d‘Gefill, ëmmer erreechbar mussen ze sinn, an d‘Luucht geet. Weider géingen nees manner Leit Télétravail maachen, wéi dat nach 2021 de Fall war, erkläert den David Büchel, Aarbechtspsycholog a Conseiller de Direction vun der CSL.
"Um Héichpunkt vun der Pandemie 2021 hate mir véierzeg Prozent Télé-Travailleuren, an ech ziele lo net déi Zäit dobäi, wou mir Confinement haten. Dat war e bësse méi speziell, sondern ausserhalb vum Confinement. Do war wierklech den héchste Stand erreecht: véierzeg Prozent. Säitdeem gi mir awer do global gesinn erof. 2022 op 35 Prozent, 2023 op 29 Prozent."
Télétravail bleift populär
Un der Popularitéit vum Télétravail huet sech allerdéngs näischt geännert: 57 Prozent vun de Befroten hunn an der Etüd uginn, all Woch wëllen Télétravail ze maachen. D’Etüd géing weisen, datt de Wonsch bei de Leit do wier, hir Work-Life-Balance ze reequilibréieren, mengt den David Büchel vun der Chambre des salariés.
"An dat maache se duerch de Wonsch no Distanz eigentlech zu der Aarbecht. Well si wëllen engersäits eng Aarbechtszäitreduktioun. Dat ass definitiv dokumentéiert, datt dat d’Leit wëllen."
53 Prozent vun de Befroten hu sech d’lescht Joer an der Ëmfro fir eng Aarbechtszäitverkierzung ausgeschwat. 2018 waren et der 33 Prozent. Doriwwer eraus wéilten och ëmmer méi Leit hire Beruff oder hire Patron wiesselen. Eng besser Work-Life-Balance wier deemno néideg, och fir d‘Attraktivitéit vun de Plazen zu Lëtzebuerg héichzehalen, betount den Aarbechtspsycholog. Och d’Weiderbildungsméiglechkeete missten ausgebaut ginn.
"Mir hunn nämlech gesinn, leider Gottes, datt d’Weiderbildungsméiglechkeeten eigentlech dramatesch erofginn. An dat ass keng gutt Tendenz wann een och weess, datt mir Erausfuerderungen hu wéi d’Digitaliséierung. Mir brauchen eng Weiderbildungsoffensiv an de Betriber fir och d’Personal op d‘Defie vu muer virzebereeden."
Am Duerchschnëtt schafft ee Salarié zu Lëtzebuerg der Etüd vun der CSL no iwwerdeems gutt dräi Stonnen d’Woch méi, wéi am Kontrakt virgesinn. Méi schaffen heescht och manner Zäit fir Care-Aarbecht, also déi onbezuelten Haushaltsaarbecht. Bei der Zäit fir d’Kanner ze versuergen ass et eng Baisse vu sechs Prozent am Verglach mat 2018.