Zil ass et, iwwert eng Stäerkung vun de Loftofwier-Systemer ze beroden. D‘Nato-Länner hunn an der Vergaangenheet scho vill Loftofwiersystemer un d‘Ukrain geliwwert, ma elo wéilt een Verdeedegung vun der Ukrain weider verstäerken, heescht et nach.
Den Nato-Ukrain-Rot gouf zejoert an d‘Liewe geruff. Dëse Gremium soll ënnert anerem eng méi staark Zesummenaarbecht erméiglechen, bis datt d‘Viraussetzunge fir een Nato-Baitrëtt vun der Ukrain erfëllt sinn.