Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
search

/ D'USA wëlle wuel Landminnen un d'Ukrain liwweren

Krich an der Ukrain

D'USA wëlle wuel Landminnen un d'Ukrain liwweren

D‘USA wéilt der Ukrain elo och Landminne liwweren. Dat behaapt déi amerikanesch Zeitung Washington Post. Si berifft sech op Regierungsvertrieder.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

De President Joe Biden hätt deemno och seng Positioun zu de Landminne geännert, heescht et. D'Ukrain soll där Minnen elo geliwwert kréie fir d'Avancë vu Russland an der Donbass-Regioun ze bremsen.

Den Asaz vun de Minne soll awer op den Oste vun der Ukrain limitéiert ginn. Et sollen och speziell Minne geliwwert ginn, déi sech no enger Zäit selwer zerstéieren.

Landminne gouf mat der Ottawa-Konventioun vun 1999 weltwäit verbueden. D'Konventioun gouf vun 164 Länner ënnerschriwwen a ratifizéiert, mee net vun den USA a Russland.

D‘USA hunn iwwerdeems hir Ambassade zu Kiew bis op Weideres zougemaach. Als Grond gi Sécherheetsrisike genannt. D‘Ambassade hätt Informatioune kritt, datt haut méiglecherweis eng gréisser Attack op d‘Ambassadegeplangt wier.