D‘Ophiewe vun den amerikanesche Sanktioune, géifen de russeschen Ugrëffskrich géint d‘Ukrain alimentéieren, dat sot d‘EU-Diplomatie-Cheffin Kaja Kallas gëschter zu Bréissel. Doduerch géif Moskau méi Mëttel kréien fir de Krich weider ze dreiwen. D‘EU géif op kee Fall hir Sanktioune géint Russland och ophiewen.
Den US-President Donald Trump huet mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin en Accord iwwer Diesel-Liwwerungen ofgeschloss. D'USA setzen dofir d'Sanktioune géint russeschen Diesel provisoresch bis Ufank Abrëll 2027 ausser Kraaft.
Dem Trump no sollen direkt iwwer 300.000 Tonnen Diesel geliwwert ginn, an an den nächste Méint sollen der nach dobäi kommen. Den Accord kënnt knapp ee Mount virun de Kongresswalen an den USA.
Kritik aus Europa
Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz betount, datt Däitschland kee russesche Pëtrol wéilt kafen. Et géif een zesumme mat den europäesche Partner un engem neie Sanktiouns-Katalog géint Russland schaffen. D’Bundesministerin a Vize-Presidentin vun der CDU Karin Prien, huet vun engem moralesche Bankrott geschwat, an dat fir "e puer Liter Diesel" wéi si op de soziale Plattforme schreift.
De brittesche Premier Andy Burnham huet sech solidaresch mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gewisen. Groussbritannie géif eng Verschäerfung vun de Sanktioune vis a vis vu Moskau matdroen.
De Franséische President Emmanuel Macron huet zwar seng Solidaritéit ausgedréckt mee virun Allem am Kontext vun der russescher Attack zu Saporischja, wou vill Ziviliste gestuerwe sinn. Eng Reaktioun op d’Annonce vum Deal tëscht den USA a Russland gouf et aus Frankräich awer net.
Kritik aus der Ukrain
Aus der Ukrain kënnt schaarf Kritik. Dësen Handelsdeal wier eng Investitioun an de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain. D'Ophiewe vun de Sanktioune wier en Zeeche vu Schwächt, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Russland géif d'USA doduerch nach manner eescht huelen.
Den Donald Trump dogéint accuséiert d’Ukrain verantwortlech ze sinn, fir d’Engpäss beim Diesel. Dat well d'Ukrain ëmmer nees russesch Raffinerien attackéiert. Den ukrainesche President huet sech bereet erkläert russesch Raffinerien net méi ze attackéieren, wa Moskau déi ukrainesch Energie-Infrastrukturen och net méi viséiert.
Sanktiounspak géint Ueleg- a Gasexporter
Och d'Demokrate kritiséieren dem republikaneschem President säi Richtungswiessel. Réischt am September haten de Senat an d'Representantenhaus, sech no laangem Seelzéien, op een nei Sanktiounspak géint Russland gëeenegt.
Am Gesetz sinn eigentlech direkt Sanktioune géint russesch Politiker a Firme virgesinn, an och Mesuren fir den Ueleg a Gasexport méi staark anzedämmen. D‘Suen aus dem Export vu fossillen Energië sinn essentiel fir déi russesch Finanzéierung vum Krich an der Ukrain.
Midterm-Walen an den USA
Den drëtte November sinn an den USA d’Midterms, da ginn all d’Membere vum Representantenhaus an een Drëttel vun de Senateuren nei gewielt. De Sondage no gëtt et fir d’Republikaner enkt fir eng Majoritéit am Representantenhaus ze behalen. Wat zur Konsequenz hätt, datt den Donald Trump nees op d'Stëmmen vun den Demokraten ugewise wier, fir Decisiounen ze treffen.
Déi héich Energiepräisser an d’Inflatioun belaaschten d'Populatioun an den USA. Déi schlecht wirtschaftlech Situatioun ass ënnert anerem op de Krich am Noen Osten zréckzeféieren, déi den Donald Trump selwer ausgeléist huet.
Den Iran blockéiert als Reaktioun op déi us-israeelesch Attacken ëmmer nach d’Mieresstrooss vun Hormus, soudatt nëmme wéineg Pëtrol kann iwwer dee Wee exportéiert ginn. D’Spritpräisser bleiwen deemno héich.