Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’USA hunn hënt op en Neits eng Positioun vun den Huthi-Rebellen am Jemen ugegraff

International

D’USA hunn hënt op en Neits eng Positioun vun den Huthi-Rebellen am Jemen ugegraff

D’Zil vun där Militäroperatioun wier ee Radar gewiescht, esou d’US-Arméi. D’Huthi-Rebellen am Jemen gi vum Iran ënnerstëtzt, an hunn an de leschte Wochen an Deeg Frachtschëffer attackéiert.

auto_stories

1 min

An der Nuecht vun een Donneschdeg op ee Freideg haten d’USA zesumme mat Groussbritannien eng 30 Positioune vun den Huthi attackéiert.

Trotz de Perten hunn d’Rebelle Wëlles hir Attacke géint Handelsschëffer weider ze féieren, viséiert si virun allem Schëffer, déi a Verbindung mat Israel stinn. 10 Prozent vum Welthandel leeft iwwert dat rout Mier. De Suezkanal verbënnt d’Rout Mier mam Mëttelmier.