Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘USA an den Iran hu Prisonéier ausgetosch

No Mediatioun vun de Golfstaaten

D‘USA an den Iran hu Prisonéier ausgetosch

Méintelaang war tëscht béide Länner, mat der Mediatioun vun de Golfstaaten Oman a Katar, verhandelt ginn. Haut solle fënnef Amerikaner, déi am Iran am Prisong sëtzen, fräi kommen a sollen si zréck an d‘USA bruecht ginn.

auto_stories

1 min

Am Géigenzuch huet Washington och 5 Iraner begnodegt, déi an Amerika verurteelt gi waren. Donieft soll Teheran och rëm Zougrëff op agefrueren Verméige kréien.

De bekanntste vun de fënnef amerikanesche Prisonéier ass de Geschäftsmann Siamak Namasi, dee souwuel déi amerikanesch wéi och déi iranesch Nationalitéit huet, an dee wéinst Spionage am Iran festgeholl gi war, hie stoung zanter August an engem Hotel zu Teheran ënner Hausarrest.