Radioen

On air

Notturno  |  Sylvia - Sweet Stuff

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘UNICEF condamnéiert sexuell Gewalt géint Fraen an Israel

No Hamas-Attack op Israel

D‘UNICEF condamnéiert sexuell Gewalt géint Fraen an Israel

Dës Condamnatioun kënnt Israel no allerdéngs ze spéit a géif net weit genuch goen. D‘UNICEF géif d‘Auteure vun de brutale sexuellen Attacken, déi arméiert Männer vun der Hamas, net ernimmen esou ee Porte Parole vum israeelesche Ministère.

auto_stories

1 min

UNICEF Protect Children | © UNICEF / UNI443216
UNICEF Protect Children (Foto: UNICEF / UNI443216)

Hie kritiséiert datt d‘UNICEF zwee Méint gebraucht hätt fir vun den israeeleschen Affer ze schwätzen an dann och eréischt nodeems Drock gemaach gouf. De 7.Oktober hunn déi islamistesch Hamas an Israel 1.2000 Persounen ëmbruecht. Gréisstendeels Zivilisten esou Israel. 240 Persoune goufe gekidnappt. Bis haut gi knapps 140 Persounen als Geisel festgehalen. Op der anerer Säit sinn der Hamas no iwwer 16.000 Persoune vun Israel ëmbruecht ginn.